Veräinskeess digital: Keessebuch, Beleger a Bilan an enger App
Eng Veräinskeess ze féieren ass fir vill Keessieren eng Saach vu Schongkartongen, Excel-Tabellen an Zettelen an der Täsch. Mat Veräinsbuch féiert dir d’Keess vun ärem Veräin digital: Beleger fotograféieren, e Keessebuch (Kassenbuch, livre de caisse) pro Veräinsjoer féieren an no all Fest e Bilan drécken. D’Veräinskeess ass Deel vum Pro-Pak.
14 Deeg gratis testenKeng Kreditkaart néideg · an 2 Minutte prett
Typesch Problemer mat der Veräinskeess haut
An de meeschte klenge Veräiner hänkt d’Keess un enger eenzeger Persoun. Si weess, wou d’Beleger leien, wéi d’Excel-Tabell funktionéiert a wat nach net bezuelt ass. Fält dës Persoun aus oder gëtt d’Keess un en neie Keessier iwwerginn, fänkt d’Sich un.
- Keessenziedelen a Quittunge bleiwen an der Täsch oder am Auto leien
- Memberen, déi eppes fir de Veräin kaaft hunn, waarde wochelaang op hir Suen
- No der Kiermes oder dem Bal weess kee genee, ob sech d’Fest gerechent huet
- Virun der Generalversammlung muss alles an der leschter Minutt zesummegesicht ginn
Wéi een eng Veräinskeess propper féiert: praktesch Tipps
Egal ob mat Pabeier, Excel oder enger App – e puer Reegele maachen dem Keessier d’Liewe vill méi einfach:
Esou ass d’Keess zu all Moment nozevollzéien – fir de Comité, fir d’Keesserevisoren (Kassenprüfer, réviseurs de caisse) a fir d’Generalversammlung.
- All Agang an all Ausgang direkt notéieren, net eréischt um Enn vum Mount
- Fir all Buchung e Beleg ophiewen – och fir kleng Akeef
- Bank, Spuerkont, Boergeld a Payconiq getrennt féieren
- D’Festkeess virun an nom Fest zielen an d’Resultat festhalen
- D’Konte regelméisseg mam Kontoauszich vergläichen
Veräinskeess mat Veräinsbuch: esou funktionéiert et
Am Pro-Pak vu Veräinsbuch fannt dir alles, wat d’Keess vun engem klenge Veräin brauch. Dir fotograféiert e Beleg mam Handy, de Betrag gëtt automatesch erkannt an dir kontrolléiert en nëmmen nach. All Buchunge landen am Keessebuch vum Veräinsjoer, um richtege Kont: Bank, Spuerkont, Boer oder Payconiq.
- Beleger fotograféieren – de Betrag gëtt erkannt
- Kontoauszich aliesen an d’Beweegungen zouuerdnen
- Keessebuch pro Veräinsjoer mat Konten
- Bilan pro Evenement oder Fest
- Export als Excel, CSV oder PDF
Bilan pro Fest a Keess zielen
Fir vill Veräiner ass d’Fest déi wichtegst Akommesquell. Mat Veräinsbuch ordnet dir all Agang an Ausgang engem Evenement zou – esou gesitt dir no der Kiermes, dem Summerfest oder dem Bal direkt de Bilan vum Fest.
Virum Fest zielt dir d’Wiesselgeld, duerno de Keessestand: Scheiner a Mënze ginn an der App gezielt an d’Resultat gëtt automatesch am Keessebuch verbucht. Fir Bezuelungen ouni Rechnung maacht dir e Bezuelbeleg (preuve de paiement) mat Ënnerschrëft um Écran – als PDF op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch oder Hollännesch, mam Betrag a Wierder.
Wat kascht d’Veräinskeess?
D’Keess ass am Pro-Pak dran: 14,95 € de Mount pro Veräin, egal wéi vill Memberen dir hutt. Dobäi ass alles aus dem Basis-Pak (9,95 € de Mount) wéi Aufgaben, Rapporten, Terminer, Ëmfroen, Lager a Memberen, plus 1 GB Späicher. Braucht dir méi Plaz fir Beleger, kascht all 5 GB extra 1,95 € de Mount.
Dir bezuelt all Mount per Kaart oder SEPA-Lastschrëft a kënnt all Mount kënnegen. Probéiert et virdrun 14 Deeg gratis, mat alle Funktiounen an ouni Kreditkaart.
Sécher an nozevollzéien
All Veräin kritt seng eegen Datebank mat eegenem Zougang, d’Servere stinn an der EU. Rolle wéi Admin, Member a Keessier regelen, wie wat mécht. Memberen aginn hir Auslage selwer mat Beleg, de Keessier gëtt se fräi a markéiert se als bezuelt – esou ass all Schrëtt dokumentéiert.
Einfach Präisser
Pro Veräin, egal wéi vill Memberen. All Mount kënnbar.
Basis · 9,95 € / Mount
- Aufgaben & Erënnerungen
- Sëtzungsrapporten
- Terminer & Ëmfroen
- Lager
- Memberen, Helfer & Kontakter
- Push, Offline, 5 Sproochen
- 500 MB Späicher abegraff
Pro · 14,95 € / Mount
- Alles aus Basis
- Keess & Auslagen mat Belegscan
- Keessebuch & Bilan pro Fest
- Kontoauszich aliesen
- Keess zielen & Bezuelbeleger
- 1 GB Späicher abegraff
An den 14 Testdeeg ass alles fräigeschalt. Duerno wielt dir Basis oder Pro – oder dir haalt einfach op. Méi Späicher bei Bedarf: +5 GB fir 1,95 € de Mount.
Heefeg Froen
Ass Veräinsbuch eng Buchhaltungssoftware?
Nee. Veräinsbuch ass eng einfach Veräinskeess mat Keessebuch fir kleng Veräiner, keng duebel Buchhaltung a keng Software fir Steiererklärungen. Fir déi meescht Duerfveräiner, Amicalen a Fêtescomitéen ass d’Haaptsaach, Agäng an Ausgäng propper ze dokumentéieren – an dat mécht d’App einfach.
Kann d’App eis Excel-Tabell ersetzen?
Jo. D’Keessebuch an der App ersetzt déi klassesch Excel-Tabell. Wann dir trotzdem mat Excel schaffe wëllt, exportéiert dir d’Keessebuch einfach als Excel oder CSV.
Kann ech Kontoauszich aliesen?
Jo, am Pro-Pak luet dir Kontoauszich erop. D’Beweegunge ginn erkannt an dir decidéiert, wat an d’Keessebuch kënnt. Beweegungen, déi schonn am Keessebuch stinn, ginn erkannt an net nach eng Kéier ausgewielt – esou gëtt näischt duebel gebucht.
Wat kréien d’Keesserevisoren?
D’Keesserevisore kréien d’Keessebuch als PDF, Excel oder CSV, an d’Beleger hänken an der App un de Buchungen. Esou kënne se d’Keess séier kontrolléieren, ier se op der Generalversammlung presentéiert gëtt.
Wat ass mat Payconiq a Boergeld?
Dir féiert Bank, Spuerkont, Boergeld a Payconiq als separat Konten am selwechte Keessebuch. Esou gesitt dir zu all Moment de Stand vun all Kont.
Kann ech d’Veräinskeess gratis testen?
Jo, 14 Deeg gratis mat alle Funktiounen, och der Keess, an ouni Kreditkaart. Duerno wielt dir Basis oder Pro – oder dir haalt einfach op.